Skip to main content

STREAMING

Livestreaming oder live webcasting bedeit Video an/oder Toun iwwert den Internet mat Aaneren ze deelen. Mir sinn eis sécher datt wéint der konstanter teschnecher Evolutioun dëst en Deel vun der Zukunft ass wéi dëse Contenu wäert consomméiert ginn. Ob Sportsevents, Konferenzen, Debats, Concert, souguer Hochzäiten, Geschätflech Eventes oder Edukatioun ginn esou live mat all potentiell Interesséierten an der ganzer Welt gedeelt. Jiddferee kann streamen! Eise But ass et fir eng Plus-value ze schafen mat zum Bsp. Widderhuelungen am Ralenti, Live Moderatioun, News Ticker, der Integratioun vun der Presentatioun and Abannung vun Live Chat mat den Spectateuren.

DIR WËLLT MÉI LEIT ERREECHEN

Deelt qualitativ héichwäerteg Webcasts op ärer Internetsäit an nach méi.

SIDD CONNECTÉIERT

logo - twitter
logo - facebook live
logo - youtube
vimeo

BAUT EIS PRODUKTIOUN AN ÄRER HOMEPAGE AN

Ouni Logo an ouni Reklammen oder personnaliséiert

USER INTERACTION

Integréiert en Livechat direkt an eis Iwwerdroung fir Iech mat de Spectateuren ze vernetzen

KUCKT IECH ET UN

kuckt Iech Beispiller vun eisen Produktiounen an eisem Kanal un.

Wat eis Clienten iwwert eis soen

  • Claudia GAEBEL - Fondation Cancer
    Fondation Cancer

    Media4all huet den 24 Stonne Livestream vum Relais pour la Vie, organiséiert vun der Fondation Cancer, produzéiert. Mir wore ganz frou mat hierer Professionalitéit, der Flexibilitéit an der exzellenter Ënnerstëtzung während dem ganzen Event. Media4all huet Solidaritéit wéi déi schéinst Momenter, wéi Käerzenzeremonie live iwwerdroen esou datt och Kriibspatienten déi selwer net op der Plaz konnt sinn awer um Event deelhuelen konnten.

  • Carl Adalsteinsson - CAPE
    CAPE

    Mir waren immens frou zesummen mat Media4All eis éischt Erfarung mat Livestream-Concerten maachen ze kënnen.
    Een neien Terrain, den mir opgrond vun de Covid-Restriktiounen gezwongen waren, z'exploréieren. Mir ware méi ewéi zefridden, datt eis d’Equipe vu Media4All dobäi mat Iddien an technesch Fachkompetenz ënnerstëtzt huet.
    Mir haten vill positiv Resonanz vun eisen Spectateuren iwwer déi gutt Qualitéit vum Stream. D’Equipe vu Media4All ass immens engagéiert, flexibel, kooperativ an frëndlech.

  • Patrick MASSEN - FLTT
    FLTT

    Héich qualitativ Produktioun, flexibelen Service a frëndlech Kommunikatioun. Eng komplett Solutioun déi eis Besoins perfekt erfëllt.