Media4All
Mir kombinéiren Kreativitéit
Mir kombinéiren Kreativitéit
MEDIA4ALL huet sech am Beräich vun de Multikamera Livestreaming a Videoproduktiounen souwéi personnaliséiertem Homepagedesign spezialiséiert. Eis eenzegaarteg Approche erlaabt eis fir déi beschtméiglech Internetiwwerdroung ze réaliséieren déi sech un den Standard'en vun der Industrie orientéiert, dobäi awer korrekt a fair Produktiounskäschten proposéiert.
Wann dir mat eis schafft hudd dir direkt mat deene Leit zedinn déi äre Projet managen. Perséinleche Kontakt an eng héich Reaktivitéit ass eis Léisung fir är Zefriddenhet.
Ob grouss international Firma oder klenge Veräin, mir behandelen eis Clients'en Ee wéi den Aaneren, professionell an mat Suergfalt. Zesumme mat eise motivéierte Mataarbeschter kënne mir ären Event op de nächste Level brengen.
STREAMING
Jiddfereen kann streamen. Eis Approche ass et fir méi draus ze maachen. Eng professionell Multikamera Produtioun déi sech ärem Besoin perfekt upasst an ärem Event eng Plus-value gett.
FOTOGRAFIE
Hochzäiten, Portarits'en, Sportsevenementer, Konferenzen... mir halen ären Event fir ëmmer fest. Mir Suergen dofir fir déi wichtegst an emotionalst Momenter anzefänken an liwweren Iech héichqualitativ Kopien.
VIDEO PRODUKTIOUN
Produkt/Service Marketing, Aftermovie, Teaser oder Documentaire. Mir developpéieren déi richteg Strategie fir är Firma. UHD / 4K Produktioun fir äre Produit/Service an de soziale Medien, der Tele oder dem Kino ze presentéieren ass just e puer Klicks wäit fort.
WEB DESIGN
Moossgeschneidert Homepagen fir är Firma, äre Veräin, beschtméiglech ze presentéieren. Inhalt ass wichteg, mee méi wichteg ass nach datt en attraktiv presentéiert gett.
Wat eis Clienten iwwert eis soen
-
Nicole a Raymond Etienne-Everard - Judo & Jiu-Jitsu Club Differdange
De Judo/Jiu-Jitsu Club vun Déifferdeng ass deck begeeschtert vun där schéiner Fotoreportage déi media4all wärend eisem Challenge gemaach hunn. Esou guer eis International Veräiner hunn eis e positiven Feedback fir déi flott Foto’en zoukommen gelooss. Mär kënnen si nëmmen weiderempfehlen a feeën eis elo schon op eis nächst Zesummenarbecht.
-
Serge KRIER - Rhäifränsch
Mir soen dem Team vu Media4all a speziell dem Francis en décke Merci fir déi flott a gutt Zesummenaarbecht. Déi perséinlech Berodung beim Plangen a bei der Ëmsetzung vun eiser Homepage huet eis gewise wéi eng Méiglechkeeten et ginn a wat fir eis dat Bescht ass. Duerch hir Experienz konnten all eis Wënsch bannent kuerzer Zäit ëmgesat ginn an och nom Ofschloss ass de Suivi vun hinne garantéiert. D'Servicer vu Media4all kënne mir nëmme recommandéieren!
-
Carl Adalsteinsson - CAPE
Mir waren immens frou zesummen mat Media4All eis éischt Erfarung mat Livestream-Concerten maachen ze kënnen.
Een neien Terrain, den mir opgrond vun de Covid-Restriktiounen gezwongen waren, z'exploréieren. Mir ware méi ewéi zefridden, datt eis d’Equipe vu Media4All dobäi mat Iddien an technesch Fachkompetenz ënnerstëtzt huet.
Mir haten vill positiv Resonanz vun eisen Spectateuren iwwer déi gutt Qualitéit vum Stream. D’Equipe vu Media4All ass immens engagéiert, flexibel, kooperativ an frëndlech. -
Tom BEREND - Cabinet d'Avocats - Penning, Schiltz & Wurth
Super Fotoen ! Schnellen, reaktiven a frëndlechen Service. Top !
-
Claudia GAEBEL - Fondation Cancer
Media4all huet den 24 Stonne Livestream vum Relais pour la Vie, organiséiert vun der Fondation Cancer, produzéiert. Mir wore ganz frou mat hierer Professionalitéit, der Flexibilitéit an der exzellenter Ënnerstëtzung während dem ganzen Event. Media4all huet Solidaritéit wéi déi schéinst Momenter, wéi Käerzenzeremonie live iwwerdroen esou datt och Kriibspatienten déi selwer net op der Plaz konnt sinn awer um Event deelhuelen konnten.
-
Serge KARIER - CHEV Diekirch
Un tout grand merci à Media4 pour son « after movie » de notre tournoi de préparation international IKSL challenge trophy 2018 du CHEV Diekirch. Un travail génial effectué de manière professionnelle par une jeune équipe dynamique et sympa dans une super ambiance. Les meilleurs moments et l’ambiance de l’évènement captés et retransmis on ne peut pas mieux en sons et images on ne peux mieux faire.
Une équipe qu’on ne peux que recommander.